Verdeelung vun den Zelter

Ugangs Abrëll 2010 huet AAH 150 Zelter op Haiti geschéckt. Elo 6 Woche méi spéit konnten dëss endlech bei der haitianësche Protection Civile ofgeholl a verdeelt ginn.

Déi kleng Reenzäit ass zënter 3 Wochen am Gaang an d’Leit si frou fir d’Zelter kënnen entgéint ze huelen. De Rob ass momentan op der Plaz an huet e puer Impressioune geschéckt.

De Container ass esou wäit gepak

Nom 12. Januar 2010 ass de Container net méi weider gepak ginn. Et ass eréischt e leschte Samsdeg virugaangen. Mëttlerweil ass deen awer esou gutt wéi voll gelueden.

Et feele just nach Kléngegkeeten, déi an deenen nächsten Deeg awer och nach drakommen. Gläich dono wäert de Container dann op d’Rees goen.