Martine Kayser – e Volontaire an Haiti

Am Fliger hat ech nach ganz vill Zäit fir mer iwwert alles Gedanken ze maachen, mee zu Port-au-Prince ukomm, war et eriwwer domat. Et war waarm a chaotesch, a keng Zäit méi vill nozedenken.

Déi 1 Woch war ustrengend, et ass eben ee ganzt anert Liewen hei an et muss ee sech a villen Hinsiichten ëmstellen. D’ Gesondheet spillt och nit ëmmer mat, mee wéi heescht et scho méi an engem Lidd vu Benny and the Bugs “…Haiti ass net Tahiti, oft geplot mam Daarm”. Et war an ass net ëmmer einfach ze gesinn a wéi engen aarme Verhältnisser d’Leit hei liewen.

Laang Instanzeweeër

Mir hu probéiert Iesse fir d’Bewunner vun der Rivière Froide an Zelter fir eis Sc houl vu groussen Hëllefsorganisatiounen ze kréien, leider ouni Erfolleg. Mir sin vun A op B geschéckt ginn, a kruten néierens konkret Äntwerten. Et war oft deprimant an enttäuschent, ët hat een den Androck, wéi wann déi Leit vun den Hëllefsorganisatioune sech de ganzen Dag a klimatiséierte Container géifen ophalen, a Versammlungen ofhale fir iwwert Zukunft vun Haïti ze schwätzen, a wann ee fir Hëllef froe kënnt, geschitt awer näischt.

Dat héiert sech elo u wéi wann d’ ONGen näischt géife machen, wat awer sécherlech net stëmmt, ech muss soen, dass et bestëmmt net einfach fir si ass. Ausserdem hunn ech, lo wou d’Reenzäit ugefaangen huet, trotzdem ganz vill méi Zelter a Baatsche gesinn, wéi am Ufank. Et as ebe schwéier jidderengem direkt ze hëllefen, wat mir vun AAH och grad mierke, wann et drëms geet Aarbechter vir de Cash for Work auszewielen, a Leit ze sichen un déi mir Zelter a Baatsche verdeele kënnen.

Liewe bei menger Gaaschtfamill

Well mir, wou de Jemp hei war, bal ëmmer ënnerwee waren, hat ech déi 2. Woch wou ech dunn aleng hei war, besser Zäit meng Famill richteg kennenzeléieren a méi Zeit mat hinnen ze verbréngen. Och wann et oft ustrengend ass, well bei den Haitianer ëmmer “offene Tür” ass, an domat ëmmer vill Leit ronderëm ee sinn, an een ni richteg zur Rou k ë n n t . Och mat menger Gaaschtmamm a set mol ustrengend, mä eigentlech well si just mäi Bescht, si well ëmmer dass ech ganz vill iessen, net ze vill schaffen, néierens alleng higinn, fréi schlofe ginn, asw. Mee lues a lues gewinnt se sech drun, dass et mir wierklech gudd geet an et mir u näischt feelt.

Ech hunn awer vill schéi Momenter mat hinnen zëmools mat de Kanner aus dem Haus an aus der Noperschaft, déi bei eis eran an eraus ginn. Am Dag hale mir eis am Haus op an owes schlofe mir an den Zelter, wat mir perséinlech och vill léiwer as, ech krut zwar bis elo, dat war nach wou de Jemp hei war, just e klengt Nobiewen mat, mä et as mir duer gaange fir awer e bëssen Angscht ze hunn.

Cash for Work

“Cash for Work” ass ee Projet, wou d’Leit sech engagéieren de Floss ze botzen an da fir hir Aarbecht bezuelt ginn. Am Ufank hunn ech geduecht et géif guer näischt brénge, mä et gesäit ee wierklech e groussen Ënnerscheed a vill Leit soen, dass et richteg schéi wär de Floss esou propper ze gesinn. Mir hu wëlles nach méi Poubellen an de Stroossen opzestellen an d’Leit lues a lues drun ze gewinnen hiren Dreck net méi ob de Buedem ze geheien, mä eben am Grapp ze hale bis bei di nächst Dreckskëscht. Et ass sécher näischt wat vun haut ob muer klappt, well d’Leit einfach zevill dru gewinnt sinn, alles op de Buedem ze geheien, mee mat e bësse GEDOLD a Beméihunge bestëmmt. Et as wouer, dass op all de Plaz wou ech bis elo war ganz ganz vill Dreck loung, natierlech sinn et d’Leit déi den Dreck maache, mee et wär um Stat eppes dogéint ze ënnerhuelen.

Zelter dedouanéieren

Déi lescht Woch war ganz ustrengend fir eis hei, déi 150 Zelter an 160 Baatschen déi AAH vu Lëtzebuerg aus geschéckt huet sinn eréischt Dënschdes ukomm, obwuel se eigentlech schonn en Donneschden hätte missen do sinn! Säitdeem sinn den haitianesche Komitee an ech ënnerwee fir all d’Pabeieren zesummen zekréien soudatt mir näischt fir den Dédouanement musse bezuelen. Dat ganzt stellt sech awer als zimlech schwiereg eraus. An de Büroen ass Waarden ugesot, net Waarde wei bei eis, ech schwätze vun e puer Stonnen. En Dag ware mir 11 Stonnen ënnerwee, fir een Ziedel ze kréien an 5 min mat engem Responsabel ze schwätzen. Vill Büroë funktionéiren ënnert Baatschen, an dodrënner sëtze vill Leit.

Also ganz éierlech gesot, ech weess net ween do setzt fir ze waarden a wee fir ze schaffen, well bal kee mécht eppes. En Haitianer sot mir haut an engem Gespréich wou ech mech iwwert d’Büroen an d’Ministèren obgerecht hunn “ceux qui travaillent, travaillent en attente”. Och bei der haitianescher Protection Civile war et fir ze Verzweifelen, no laangem Hin an Hir an nodeems mir all d’Pabeieren zesummen haten, sot déi responsabel Madame si wéilt haut keng Demandë méi gesinn, si hätt es genuch a keng Loscht méi; et war 1 Auer mëttes, also eigentlech nach 3 Stonne Schaffzäit! Den Dag drop ass et eis tselwecht gaangen, nodeems mir nach Pabeieren organiséiert haten, déi nach gefeelt hun war si aus dem Büro verschwonnen, si war rëm schlecht gelaunt, dës Kéier war et mol nach keng 11 Auer moies!! Et ass wierklech fir rosen ze ginn, et si souvill Leit déi ganz dringend Zelter brauchen, an dann ass et soueen Gedeessems fir, ouni mussen ze bezuelen, un déi Saachen ze kommen. Eigentlech sinn ech ee ganz gedëllege Mënsch, wat sécherlech e grousse Virdeel hei ass, mä ech sinn awer och schonn oft u meng Gedoldgrenzen gestouss. Och iwwert de Buergermeeschter vu Carrefour deen ëmmer een ob “bon ami” mécht, kann ee just de Kapp rëselen. Dee sëtzt dee ganzen Dag an sengem klimatiséierte Büro, mat opmansst 30 Fotoe vu sech a bekannte Persounen un der Mauer, klimpert e bëssen ob sengem Computer, a fir de Rescht ass e voll mat sengen 3 Handyën an aner Niewesächlechkeete beschäftegt. Oft, wann ech an d’Gespréicher mat Haitianer, den Herr Buergermeeschter genannt hunn, krut ech just gesot, “Hä? De Buergermeeschter? Komm mir net mat deem!” Souvill dozou!

De Virus

Alles an Allem fillen ech mech wuel hei, déi vill frëndlech an hëllefsbereet “einfach” Leit an déi vill laachend Gesiichter déi ee gesäit hëllefe mir déi vill Aarmut an déi negativ Erfahrunge besser ze verkraaften. Ech bewonneren dat haitianescht Vollek. Si wëssen, dass se net ob de Stat, a schon guer net ob hiren Präsident brauchen ze zielen, a probéiere sech sou gudd wei méiglech selwer ze hëllefen. Déi meescht probéieren esou gudd wei méiglech selwer e puer Suen ze verdénge fir sech an hir Famill z’ernähren.

Eng Kéier hunn ech virun der Schoul eng Madame mat hirem Kand sëtze gesinn. Am Ufank hunn ech geduecht si géif einfach nëmmen esou do sëtzen, bis ech ob eng Kéier gesinn hunn, dass si eng kleng Biitschen mat 2 Päck Zigaretten, Fixfeier an e puer Tietercher Nëss ze verkafen hat. Net méi wei 150 Gourden waren hier Saache wäert. Ech stoung niewend hier, a si huet mech als “Blanc” net ugebettelt vir Suen ze kréien, ech hunn hir dunn e puer Nëss ofkaaft an e bësse méi Suen dofir ginn, an hu meng Cassave, déi ech virdru kaaft hat, mat hir an dem klenge Kand gedeelt. Si huet mir léif gelaacht a Merci gesot.

D’Membere vun AAH sote viru menger Rees ëmmer zu mir, datt et hei ee Virus gëtt, a wann ee bis domat infizéiert ass, well een ëmmer nees heihinner zeréckkommen. Ech muss éierlech soen: Ech sinn infizéiert!

Martine Kayser