AAH – News 16.10.2010

Schoul op der Rivière Froide

No der Summervakanz, déi wéinst dem Äerdbiewen zäitlech no hanne geréckelt ginn ass, hunn d’Coursen de leschten 4. Oktober ugefaangen. D’Kanner an och d’Léierpersonal konnte sech dee Moment och vu weideren Aarbechten um Schoulgebai iwwerzeegen.

Wéi schonns am Summer ugekënnegt, ass den éischten Stack vun der Schoul ofgedroën an d’Material ass fir nei « provisoresch » Klassesäll weiderverschafft ginn. Déi Säll stounge schonns am Juli, mee et gouf nach weider drugeschafft. Et sinn, ënnert anerem, Trennwänn installéiert ginn.

Wat de Neesopbau an den Neibau vun der Schoul betrëfft, sou flitt de Jemp Enn Oktober op d’Plaz, fir dëse Projet virunzedreiwen.

Bau vu 5 « Block Sanitär »

Déi katastrophal hygenisch Zoustänn, déi et schonns ëmmer am Land gouf, sinn nom 12. Januar nach emol méi schwiereg ginn. D’Finanzéiere vum Bau vun ëffentlechen Toilette louch deemno op der Hand, sou datt am Ganze 5 « Block Sanitär » am Quartier konnten opgeriicht ginn.