12. Januar 2011 – Scheckiwwerreechung

Den 12. Januar 2011, e Joer nom Aerdbiewen hat AAH op e Réckbléck an eng kleng Gedenkzeremonie invitéiert. Op dësem Dag konnt de Komitee och e Scheck vun 10’000 EUR vum Electro-Center entgéint huelen.

Scho méi laang ass et den Electro-Center vu Lorentzweiler deen Action Avenir Haïti bei sénge Projetën op der Plaz ënnerstëtzt. Dofir seet de Komitee nach emol villmols Merci fir hiert Engagement.

Doniewt huet de Solar-Center eng komplett Solaranlag vun 17 Panneauë gestëfft. Déi komplett Anlag ass am Container verstaut a wäert op der neier Schoul montéiert ginn.

Informatiounsowend a Gedenkzeremonie

No e puer Explikatiounen zu den Aktiounen vun AAH, déi am vergaangene Joer op d’Bee gesat goufen, ass e Film vum haitianesche Regisseur Arnold Antonin gewise ginn. Méi spéit um 22:53 si Käerzen ugefaangen an 2 Témoignage vergelies ginn.

De kompletten Artikel aus dem Wort vum 14. Januar 2011 fannt Dir hei.

De Container geet op d’Reess

No e bësse méi wéi engem Joer ass de Container gëschter vun der Firma Fischbach zu Steesel eweggeholl ginn. An engem Mount, esou de Planning, soll de Container dann zu Port-au-Prince am Hafen ukommen. E grousse Merci gëllt alle Frënn, Bekannten, Associatiounen an Entreprisen fir hieren Asaz an hier Donën. E spezielle Merci geet och nach un:

  • Famill Theisen an hieren Nopere fir déi vill Gedold

an

D’Opluede vum Container gouf och a Biller festgehalen.

Choléra: Action de Sensibilisation

Quelques impressions des actions de sensibilisation organsisées par AAH sur place: