Aarbechten – Nei Schoul


An de leschte Wochen an Deeg huet sech eppes op der Rivière Froide gedoen.

Bau von enger Mauer

Den Terrain, wou d’Schoul drop steet, grenzt un eng Bach, dee bei Reen zu engem « geféierleche » Floss gëtt. D’Ufer ginn reegelméisseg ënnergruewen, sou datt op laang Siicht den Terrain ëmmer méi kleng gëtt, an d’Gebaier ënnerspullt ginn.

Fir deem ëntgéintzewierken, huet de Comité décidéiert, datt eng Mauer (am Flossbett) misst ronderem den Terrain gebaut ginn. Op de Fotoen kann ee schonns erkennen, datt et eng relativ grouss Entreprise war fir dëst ze realiséieren.

Präparatioune « Nei Schoul »

Nodeems dëse Chantier ofgeschloss war, ass wéi geplangt déi « al Schoul », also d’Haaptgebai ofgerappt ginn. Domadder entsteet Plaz, déi gebraucht gëtt, fir dat nächst Joer d’Container mat där « neier Schoul » ze setzen.

Bis op weideres fonktionnéieren d’Klassen a provisorësche Raim.

[nggallery id=29]