Opbau « Schoul » – et geet virun
Et gëtt gebaut…
Méindes, den 3. Juni 2013
Deen Dag sinn 2 Camionën net méi op de Site vun der Schoul gefuer, si hunn net gepasst. Duerfir sinn déi iwwer 37 Tonne Material vum Camion mat « Manpower » op de Chantier gedroen/geschleeft ginn! Ganze 15 Stonnen ass gëschter geschafft ginn, d’Resultat gesäit een hei.
Sonndes, den 2. Juni 2013
Samsdes, den 1. Juni 2013
D’Container 1-3 sinn am Haff vun der Schoul ukomm. Wéi ee gesäit ass et net esou einfach fir d’Strooss mam Camion eropzekommen. De Container 4 soll haut (Samschdeg) prett si fir auszelueden.
Freides, den 31. Mee 2013
No laangem Waarden, konnten d’Aarbechten an deene leschte Stonnen an Deeg ufäenken. Déi éischt Elementer gi gesat.