Reconstruction – Ecole

Op de Biller kann een weider erkennen, datt d’Schoul ëmmer méi form unhëllt. Nodeems de Réihbau am Summer konnt fäerdeg gestallt ginn, sinn elo d’Arbechten an de Klassesäll a ronderem un der Reih.
Ennert anerem goufe Fensteren an Dieren agebaut, an och de Buedem präparéiert. D’Trape sinn och fäerdeg ginn. D’Mauer ronderem den Terrain, Schoulhaff ass och propper beworf ginn.