Articles dans le dossier "Container"
De Container ass ukomm
De Container ass an der Schoul zu Rivière Froide ukomm. Eis Partner op der Plaz hunn en ausgelueden a këmmerë sech elo ëm Distributioun.
De Container steet am Hafen
No enger relativ kuerzer Rees steet de Container elo zu Port-au-Prince am Hafen. D’Douanierën hunn domadder ugefaangen de Container 1-zu-1 an een aneren Container ëmzelueden an op dës Manéier den Inventaire ze maachen. Wéi laang datt dës Prozedur dauert kann een de Moment nach net soen.
De Container geet op d’Reess
No e bësse méi wéi engem Joer ass de Container gëschter vun der Firma Fischbach zu Steesel eweggeholl ginn. An engem Mount, esou de Planning, soll de Container dann zu Port-au-Prince am Hafen ukommen. E grousse Merci gëllt alle Frënn, Bekannten, Associatiounen an Entreprisen fir hieren Asaz an hier Donën. E spezielle Merci geet och [...]
De Container ass esou wäit gepak
Nom 12. Januar 2010 ass de Container net méi weider gepak ginn. Et ass eréischt e leschte Samsdeg virugaangen. Mëttlerweil ass deen awer esou gutt wéi voll gelueden. Et feele just nach Kléngegkeeten, déi an deenen nächsten Deeg awer och nach drakommen. Gläich dono wäert de Container dann op d’Rees goen.
Container – wéi geet et virun
Mir soen alleguerten den Donateurën nach emol villmols Merci vir hir Mathëllef beim Fëllen vum Container. De Container ass nach net fortgeschéckt a mir wëllen elo och nach waarden wéi d’Situatioun sech weider entwéckelt. Momentan ass d’Lag ze ongewëss an hei heem ass d’Material am séchertsten opgehuewen. Wa mir Genaueres iwwert d’Emstänn op der Rivière [...]
De Container ass gutt gefëllt
De Container (gesponsort vun der Entreprise “Solar Center” vu Lorentzweiler) steet elo schonns zënter Enn November zu Steesel. An deem leschte Mount ass vill vu Material, Spillsaachen, Handwierksgeschier, esou wéi eng komplett Solaranlag zesummegedroe ginn. De Container ass elo bal voll, a wäert deemno geschwënn op d’Reess goen. 3 Wochen brauch d’Schëff fir de Container [...]
De Container ass do
E leschte Méindeg (30.11.09) ass de Container vum Transporteur Fischbach geliwwert ginn. An deenen nächsten Deeg wärte mir dësen dann och fëllen. Wann Dir awer elo nach Saachen hutt fir dran, da sot eis Bescheed. Allen Donateurë wëlle mir schonns fir hier Ënnerstëtzung villmols Merci soen.
E Container fir Haiti
Action Avenir Haïti asbl schéckt e Container an Haiti. Mir siche Material fir eis Schoul a fir d’Awunner vu “Rivière Froide”, eng Uertschaft bei Port-au-Prince. franséisch Bicher fir eng Bibliotéik anzeriichten (Schoulbicher, Romaner, Jugendbicher, Sachbicher, Lexikon, Dictionnairen, etc… ) eng ganz Rëtsch zesummepassend Regaler Material fir d’Schoulkanner (Hefter, Bicer, Faarwen, Lineal, Crayon, Schoulrucksak, etc.) Material fir [...]
Grand Merci à tous!
Le Comité AAH tient à remercier tout le monde pour l’appui et le support montrés à l’occasion de la “Marche Fair” organisée en date du 12 juillet 2009. Pendant toute la journée plus de 170 marcheurs parrainés ont parcouru environs 2’500 km. Les dons ainsi recueillis dépassent les 11’500 EUR. D’autres articles dans la presse: [...]

