De Container ass ukomm

De Container ass an der Schoul zu Rivière Froide ukomm. Eis Partner op der Plaz hunn en ausgelueden a këmmerë sech elo ëm Distributioun.



De Container steet am Hafen

No enger relativ kuerzer Rees steet de Container elo zu Port-au-Prince am Hafen. D’Douanierën hunn domadder ugefaangen de Container 1-zu-1 an een aneren Container ëmzelueden an op dës Manéier den Inventaire ze maachen.

Wéi laang datt dës Prozedur dauert kann een de Moment nach net soen.

De Container geet op d’Reess

No e bësse méi wéi engem Joer ass de Container gëschter vun der Firma Fischbach zu Steesel eweggeholl ginn. An engem Mount, esou de Planning, soll de Container dann zu Port-au-Prince am Hafen ukommen. E grousse Merci gëllt alle Frënn, Bekannten, Associatiounen an Entreprisen fir hieren Asaz an hier Donën. E spezielle Merci geet och nach un:

  • Famill Theisen an hieren Nopere fir déi vill Gedold

an

D’Opluede vum Container gouf och a Biller festgehalen.

De Container ass esou wäit gepak

Nom 12. Januar 2010 ass de Container net méi weider gepak ginn. Et ass eréischt e leschte Samsdeg virugaangen. Mëttlerweil ass deen awer esou gutt wéi voll gelueden.

Et feele just nach Kléngegkeeten, déi an deenen nächsten Deeg awer och nach drakommen. Gläich dono wäert de Container dann op d’Rees goen.