De Container geet op d’Reess
No e bësse méi wéi engem Joer ass de Container gëschter vun der Firma Fischbach zu Steesel eweggeholl ginn. An engem Mount, esou de Planning, soll de Container dann zu Port-au-Prince am Hafen ukommen. E grousse Merci gëllt alle Frënn, Bekannten, Associatiounen an Entreprisen fir hieren Asaz an hier Donën. E spezielle Merci geet och nach un:
- Famill Theisen an hieren Nopere fir déi vill Gedold
an
- Transport Fischbach vu Miersch fir den Transport
- Solar-Center vu Lorentzweiler fir déi groussarteg Ënnerstëtzung
D’Opluede vum Container gouf och a Biller festgehalen.