Informatiouns-Owend zu Steesel

Den 12. Januar 2010 huet een immens staarkt Äerdbiewen Haiti getraff. D’Ausmoosse vun dëser Naturkatastrof waren a sinn net a Wierder ze beschreiwen. Biller vu Leed, Honger an Zerstéierung si ronderem d’ganz Welt gaangen.

Action Avenir Haiti huet probéiert esou gutt wéi méiglech ze hëllefen, an duerch är Donën hutt och Dir dozou bäigedroen. Fir e bëssen déi op der Plaz geleeschten Aarbecht virzestellen, invitéiert de Komitee Iech ganz häerzlech, op en

Informatiouns-Owend

den 12. Januar 2011 um 20.00 Auer

an der Galerie « Am Duerf » zu Steesel

Niewent enger Präsentatioun vun der Aarbecht, weist de Komitee en Dokumentär vum bekannte Regisseur Arnold Antonin. Dëse Film gouf 2010 an de Méint nom Äerdbiewen gedréint an dauert 20 Minutten.

De Komitee géing sech freeën Iech op dësem Owend ze begréissen, a seet Iech nach eemol villmols Merci fir all déi generéis Donën.