De Container ass gutt gefëllt

De Container (gesponsort vun der Entreprise « Solar Center » vu Lorentzweiler) steet elo schonns zënter Enn November zu Steesel. An deem leschte Mount ass vill vu Material, Spillsaachen, Handwierksgeschier, esou wéi eng komplett Solaranlag zesummegedroe ginn.

De Container ass elo bal voll, a wäert deemno geschwënn op d’Reess goen. 3 Wochen brauch d’Schëff fir de Container vun Antwerpen op Port-au-Prince ze kréien. Do muss en da verdéischt duerch d’Douane, ier d’Leit vun AAH d’Fracht op der Plaz entgéint huele kënnen. Den Dédouanage brauch awer och séng Zäit, sou datt de Container nach eventuell bis Mäerz am Hafe stoe kéint.

De Comité vun AAH wëllt heimat nach eemol deene villen Donateurë MERCI soe fir hier Ennerstëtzung. Ob dat elo op privater Basis oder duerch eng Entreprise war, ob et ee materiellen oder finanzielle Beitrag war, ouni all déi Hëllef hätt dëse Projet net realiséiert kéinte ginn.