Départ fir Haïti – 21.01.10

Haut, Donnëschden, den 21. Januar, fueren 3 Lëtzebuerger op Haïti. Et handelt sech hei ëm 2 Memberë vun den Associatiounen an engem Dokter. D’Reess geet vu Lëtzebuerg iwwer Santo Domingo op Port-au-Prince. Dëse Wee ass momentan, deen eenzeg méiglechen, well de Flughafen fir all europäesch Volen zou ass.

An der Dominikanëscher Republik ginn déi 3 Leit vun engem vun eise Mataarbechter empfaangen, fir dann zesummen um Landwee déi haitianesch Grenz ze passéieren.

Hir Aufgab, mat Ofrsprooch vun den Hëllefsorganisatiounen op der Plaz, besteet doranner, eng Eischtversuergung (Waasser, Iesswueren a Medikamenter) fir d’Awunner op der Rivière Froide z’organiséieren. Dësweidere soll eng besteehend Waasserleitung nees gefléckt ginn.