AAH – News 10.12.2010

Enn Oktober ass de Jemp mam Charel an Dan op d’Plaz geflunn. Dee Moment war Cholera schonns en Thema an d’Entscheedung fir ze fléien (oder net) ass eréischt an der leschter Minutt gefall.

Séier ware mer dunn nach an d’Apdikt (Nuetsdéngscht :-)) an mer hu nach e puer Info-Ziedel präparéiert – souwuel op franséich mat geneeën Informatiounen iwwert déi Krankheet fir Schoulpersonal, an op Créole a Kuerzversioun mat deene wichtegsten Präventivmoossnahmen. An der Apdikt hate mer de Stock un Electrolyteléisungen an antiseptesche Seefen mat oder ouni Waasser opkaaft an de Jemp huet gekuckt fir déi Kiloën nach a sengem Gepäck ënnerzekréien.

Op der Plaz ukomm, sinn an den ëffentlechen Toiletten d’Affichen opgehaangen an d’Flyer ausgedeelt ginn.

Cholera – Opklärung duerch an iwwert d’Schoul

A Saache « Cholera » huet de Comité decidéiert de Schoulkanner all Dag ee Bidon proppert Drénkwaasser mat Heem ze ginn, sou datt an de Famillen ee Minimum un Hygiène ka garantéiert ginn.

Desweidere gi Seefe verdeelt, fir esou der ganzer Ausbreedung entgéint ze wierken. Wann eng zweet Verdeelung am Nomëtteg noutwendeg sollt sinn fir Leit déi an Zelter liewen, gëtt nach gekuckt, wéi een dat kéint organiséieren. Vu Virdeel ass do virun allem déi Waasseropbereedungsmaschinn déi « Watermission » aus Kalifornien eiser Schoul nom Äerdbiewen zur Verfügung gestallt hat.

AAH Lëtzebuerg huet 2500 US Dollar iwwerwisen fir Seefen a virun allem Produits fir d’Maschinn vu « Watermission » ze kafen, sou wéi Chlortabletten.

Virgesinn sinn och nach den eventuelle Bau vu weidere Latrinen, souwéi nach weider Info-Panneaux’en.

D’Waasserleitung vun Angibeau erof (Quellewaasser) op d’Rivière Froide ass och neess futti a soll deemnächst reparéiert ginn.

Source: Image © Nicholas Kamm/AFP