Haiti – News 04.02.2010

Als alleréischt wéilt AAH sénge villen Donateurë villmols Merci soen, fir hir Ënnerstëtzung. Sou konnte bis elo 45 000 Euro gesammelt ginn.

Dovunner si schonns zweemol, Iessen, Waasser a Medikamenter a grousse Quantitéite kaf ginn. AAH Lëtzebuerg huet bei der Firma Alpinter an der Belge 19 10-Persounen-Zelter kaf. Desweidere sinn nach 120 Fleecedecken, 8 grouss a 16 mëttelgrouss Baatschen dobäi komm.

Dëst Material, zesumme mat engem Groupe électrogène, dee mer als Don kruten, ass mat Lentz Logistics ënnerwee op Frankfurt. Vun do aus geet e Fliger mat nëmmen Hëllefsgidder iwwert Amsterdam op Santo Domingo. Ee grousse Merci un den Här Crochet a séng Ekipp vum Roude Kräiz, déi eis do souwuel finanziell ewéi och organisatoresch ënnerstëtzt hunn.

D’Material gett dann vu Santo Domingo op Rivière Froide am Convoi organiséiert.

Fir ongeféier 10 000 Euro ass Hëllefsmaterial kaf ginn, an dat esouwuel hei an Europa, ewéi an Haiti.

Mir probéieren awer weiderhinn ob et net méiglech ass, Liewensmëttel, Material a Medikamenter vun den Hëllefsorganisatiounen op der Plaz ze kréien, mee och déi sinn iwwerlaf.

Wat ass bis elo konkret un Aarbecht op der Plaz geleescht ginn?

Op der Rivière Froide hunn eis haitianesch Frënn vun AAH all d’Leit ënnert den Trümmer erausgeholl a begruewen.
Si hunn och 4 Centres (grouss Kichen) ageriicht wou gekacht gëtt. Dat maache Fraën aus dem Quartier. Et ass schwéier ze soen wéivill Leit dohinner iesse kommen, mee virun allem d’Schoulkanner an och d’Léierpersonal iessen op enger vun deene 4 Plazen.

De Lionel huet ënnert anerem och eng Waasserleitung gefléckt, sou dass se elo rëm e bësse Waasser hunn, an de Félix këmmert sech zesumme mat de Scouten zu Carrefour em d’Iessensverdeelung a -Securiséierung. Si all zesumme probéieren hierem Quartier sou gudd wéi méiglech ze hëllefen.
Am Schoulhaff huet den Doktor Claude Weber zesumme mam Fränz Scharpantgen, a mat materieller Hëllef vun MSF een Dispensaire ageriicht. Dee gëtt elo vun 2 Infirmière vun MSF geleed. Reegelméisseg kënnt och een Doktor laanscht kucken.

Momentan ass nach keng Schoul, ausser op deene Plazen déi weider net betraff sinn. Eist Schoulgebai huet leider och méi Rëss wéi geduecht, mee am Moment kënne mer net soen ob et ze reparéieren ass, oder ob et muss ofgerappt ginn.