Projet “Schoul” – et geet lues virun

Zënter leschte Freiden (24. Mee) sinn 3 Memberen vun AAH an 2 Monteuren vun der Firma Marco Rollinger op Haiti. Während deenen nächsten 3 Wochen, esou de Planning, sollt d’Gebai opgeriicht ginn.

Am Abrëll sinn déi 7 Container zu Port-au-Prince am Hafen ukomm, a sollten eigentlech relativ schëtzeg dédouanéiert ginn.

Gëschter Moien, also knapps eng kleng Woch méi spéit, waren d’Container nach ëmmer am Hafen. Déi haitianesch Bürokratie, esou wäit se existéiert, huet eis definitiv e Stréch duerch d’Rechnung gemaach.

No ganz villem Hin an Hier, vill Nerven a Gedold, … kruten eis Leit 1, ech betounen, Container eraus. An dat sinn dës 2 Fotoen.

Mat 3 Platten an 2 mol bal gekippt, ass de Camion du gëschter Owend géint 22.00 Auer op der Rivière Froide ukomm. Haut geet et da virun, hoffentlech…

OLYMPUS DIGITAL CAMERA OLYMPUS DIGITAL CAMERA