Schoul – Aarbechte gi weider

D’Aarbechten un der Schoul an um Terrain gi weider. Een Deel vun de Fotoen ass an der Zäit em de Stuerm « Sandy » gemaach ginn. Op dëse Biller kann een erkennen, datt et eng gutt Entscheedung war fir den Terrain zum Floss ze stabillséieren.

Och wann d’Aarbechte hei zu Lëtzebuerg e liichte Retard kritt hunn, esou geet et op der Plaz richteg gutt virun. D’Fundamenter si gemaach an d’Dalle ass an de leschten Deeg gegoss ginn.

Merci à tout moun pour le bon travail!

[nggallery id=31]