Articles

Opbau “Schoul” – et geet virun

Et gëtt gebaut…

Méindes, den 3. Juni 2013

Deen Dag sinn 2 Camionën net méi op de Site vun der Schoul gefuer, si hunn net gepasst. Duerfir sinn déi iwwer 37 Tonne Material vum Camion mat “Manpower” op de Chantier gedroen/geschleeft ginn! Ganze 15 Stonnen ass gëschter geschafft ginn, d’Resultat gesäit een hei.
AAH_Ecole_21
AAH_Ecole_22
AAH_Ecole_23
OLYMPUS DIGITAL CAMERA
AAH_Ecole_25

Sonndes, den 2. Juni 2013

AAH_Ecole_11
AAH_Ecole_12
AAH_Ecole_13
AAH_Ecole_14
AAH_Ecole_15
AAH_Ecole_16
AAH_Ecole_17
AAH_Ecole_18
AAH_Ecole_19
AAH_Ecole_20

Samsdes, den 1. Juni 2013

D’Container 1-3 sinn am Haff vun der Schoul ukomm. Wéi ee gesäit ass et net esou einfach fir d’Strooss mam Camion eropzekommen. De Container 4 soll haut (Samschdeg) prett si fir auszelueden.
AAH_Ecole_6
AAH_Ecole_7
AAH_Ecole_8
AAH_Ecole_9
AAH_Ecole_10

 

Freides, den 31. Mee 2013

No laangem Waarden, konnten d’Aarbechten an deene leschte Stonnen an Deeg ufäenken. Déi éischt Elementer gi gesat.
AAH_Ecole_1



Projet “Schoul” – et geet lues virun

Zënter leschte Freiden (24. Mee) sinn 3 Memberen vun AAH an 2 Monteuren vun der Firma Marco Rollinger op Haiti. Während deenen nächsten 3 Wochen, esou de Planning, sollt d’Gebai opgeriicht ginn.

Am Abrëll sinn déi 7 Container zu Port-au-Prince am Hafen ukomm, a sollten eigentlech relativ schëtzeg dédouanéiert ginn.

Gëschter Moien, also knapps eng kleng Woch méi spéit, waren d’Container nach ëmmer am Hafen. Déi haitianesch Bürokratie, esou wäit se existéiert, huet eis definitiv e Stréch duerch d’Rechnung gemaach.

No ganz villem Hin an Hier, vill Nerven a Gedold, … kruten eis Leit 1, ech betounen, Container eraus. An dat sinn dës 2 Fotoen.

Mat 3 Platten an 2 mol bal gekippt, ass de Camion du gëschter Owend géint 22.00 Auer op der Rivière Froide ukomm. Haut geet et da virun, hoffentlech…

OLYMPUS DIGITAL CAMERA OLYMPUS DIGITAL CAMERA

AAH – News 2013

Hei een Extrait vum Viirwuert vun eisem News, fir weider ze liesen einfach de ganze News 2013 eroflueden.

Viirwuert
2012 huet mir nees vill nei Erfahrunge bruecht. Am August war ech op Haiti, a gouf nees ganz häerzlech an der Famill Bélizaire opgeholl. Do ze wunnen, an den Alldag op Haiti ze erliewen, ass fir mech ëmmer eng immens Beräicherung. Och déi Zäit mam Luckner a mam Barthol hei zu Lëtzebuerg war ganz intressant. Mir konnte vill mateneen diskutéieren an eis austauschen. Doduerch verstäerkt sech ëmmer nees dat géigesäitegt Versteesdemech tëschent Mënschen, déi op esou grondverschiddene Plaze liewen.

De Buergermeeschter vu Carrefour war och am Dezember bei eis op Besuch fir deen offizielle Schenkungsacte vum Schoulgebai entgéint ze huelen. Mat der Preuve vun dëser offizieller Zeremonie gëtt et him méiglech fir eis Containeren zollfräi duerch déi haitianesch Douane ze schleisen. Dat ass ee gutt Beispill fir Ënnerscheed vun hei op do ze beliichten: et geet net duer ee Bréif ze verfaassen, eng Copie conforme ze schécken, oder een Acte vun engem Notaire ze hunn. Op Haiti zielt dat wat sécher ass, kloer bewisen (duerch eng Foto zum Beispill), zesummen ofgemaach, am beschte mat ville Leit ronderëm, als Zeien a Beweis.AAH_News_2013_A5_web_Page_01

Artikel in Zeitung “Eine Schule für Haiti”

Am Samstag, dem 23. Februar 2013 konnten sich die Verantwortlichen der beiden wohltätigen Organisation “AAH” und “Action pour un Monde Uni” ein Bild von den Vorbereitungen der “Neuen Schule” bei der Firma Marco Rollinger machen. (Fotos auf der Facebook-Seite) Die einzelnen Module werden von der Firma aus Steinsel nach Mass an die Grösse der Container  angefertigt und verladen.

Ende März werden die 6 Container das Land verlassen und über Antwerpen zuerst nach Jamaika transportiert. Von dort geht es dann weiter nach Port-au-Prince.

AMU_AAH_Haiti
Der Artikel erschien in der Ausgabe vom Montag, den 04. März 2013 im “Luxemburger Wort”.