Articles

Projet – Pépinière et Apiculture

De Projet “Pépinière” gouf schonns op dëser Plaz präsentéiert. Wéi beim Schoulprojet ginn och hei d’Aarbechte virun. Hei sinn e puer Biller, déi weisen wat schonns alles geleescht ginn ass.

D'”Ruches” sinn iwwregens vum Luckner gebaut ginn. Hien ass Schräiner a war zësumme mam Barthol am Oktober bei der Entreprise Marco Rollinger zu Steesel.

Hei konnte si sech d’Technike vun der Holz-Modulbauweis ukucken a matschaffen.

 

 

 

Schoul – Aarbechte gi weider

D’Aarbechten un der Schoul an um Terrain gi weider. Een Deel vun de Fotoen ass an der Zäit em de Stuerm “Sandy” gemaach ginn. Op dëse Biller kann een erkennen, datt et eng gutt Entscheedung war fir den Terrain zum Floss ze stabillséieren.

Och wann d’Aarbechte hei zu Lëtzebuerg e liichte Retard kritt hunn, esou geet et op der Plaz richteg gutt virun. D’Fundamenter si gemaach an d’Dalle ass an de leschten Deeg gegoss ginn.

Merci à tout moun pour le bon travail!

[nggallery id=31]

Voodookult – Fête Guédé

Allerhellgen an Allerséile sinn an Europa jo bekanntlecherweis Fester vun der roueger Besënnung an der Trauer. Dat ass awer op der Welt net iwwerall esou. Zu Haïti, zum Beispill, geet et op de Kierfechter alles anescht wéi roueg zou.

Impressiounen aus Haïti vum Nathalie Delleré 

[audio:http://www.aah.lu/wp-content/2012/11/Fete_Guede.mp3|titles=AAH – Fête Guédé an Haïti]

Ween als Friemen Allerhellgen op de grousse Kierfecht vu Port-au-Prince kënnt, ass fir d’éischt Mol verwonnert iwwert d’Mënschemassen, déi haart Musek an dee ville Rum. Hei gëtt net a Rou un seng Verstuerwe geduet, mee, ganz am Géigendeel, matt immens vill Kaméidi. Zesumme gëtt sech dann op den héije Griewer versammelt a gefeiert. Wéi de Brauch et wëll, kréien déi Verstuerwe natierlech och eng oder zwou Schluppe Rum op d’Graf geschott.

Op anere Plaze gi wäiss gepudert Vaudouunhänger déi, wéi et heescht vun de Guédégeeschter besiess sinn, Liewensrotschléi. Als Géigeleeschtung kréien si da Kaffi, Zigaretten oder Rum.

D’Fête Guédé feiert d’Guédé, d’Doudes- an d’Fruuchtbarkeetsgeeschter am Vaudoukult.Et ass dat gréisste Vaudoufest vum Joer an et gëtt haaptsächlech op Kierfechter uechter d’Land an an den Temple gefeiert. De wichtegsten Doudesgeescht ass de Baron Samedi, heen ass den éischten Doudegen iwwerhaapt .

Hie waacht net nëmmen iwwert d’Kierfechter, mee e begleed och déi Verstuerwen an d’Räich vun den Doudegen. En trëtt als Skelett mat Zylinder , engem mauven Ȅmhang a Sonnebrëll op.

Während den Zeremonie vun der Fête Guédé versetzen sech déi initiéiert Vaudouunhänger duerch Trommelmusek an Alkohol an eng Zort Trance, de Guédé hëllt an deene Momenter Besëtz vu sengen Unhänger.

An dëse Momenter kann déi besiesse Persoun da Saache man, déi se am normalen Zoustand nimools géing färdeg bréngen, z.B. duerch Schierbele goen oder ganz schaarf Sachen drénken. D’Ambiance ass op jidde Fall berauschend.

Während dësem Fest gëtt onmëssverständlech kloer, dass de Vaudou nach eng ganz wichteg Roll an der Kultur vun Haïti anhëllt.
Am Weste nach ëmmer mat schwaarzer Magie gläichgestallt, ass de Vaudou a Wierklechkeet e ganz komplizéierte Glawenskomplex.

Dëse Glawe gouf an d’Karibik matbruet vun de Sklaven aus deem ale Kinnegräich Dahomey a Westafrika.

Zu Zäite vun der Sklaverei war et streng verbueden, de Vaudoukult ze bedreiwen. Well awer chrëschtlech Elementer iwwerholl goufen, schéngen sech Chrëschtentum a Vaudou net méi am Wee ze stoen, mee ganz am Géigendeel, ze ergänzen.

Och ass de Vaudou zanter 2009 offiziell unerkannt.

Et war fir mech jiddefalls immens interessant, Abléck ze kréien an déi haitianesch Aart a Weis, Allerhellgen ze feieren.

Projet “Pépinière”

Säit Kuerzem ënnerstëtzt AAH och nees e Projet fir eng Pépinière an de Bierger (Hannerland) opzeriichten. D’Opforstung ass immens wichteg, éischtens gëtt eppes géint d’Erosioun gemaach an zweetens kënne weider Projet, z.B. Apiculture opgebaut ginn.

Eischt Präparatioune gi gemaach, an den Accès gëtt ugeluecht.

[nggallery id=30]