Chargement Évènements

« Tous les évènements

  • Cet évènement est passé

Lënster Maart

24 septembre 2021 - 25 septembre 2021

- Gratuit

D‘Gemeng Jonglënster an Zesummenaarbescht mat der Firma Go-Concept ass frou Iech matzedeelen dass si e Maart organiséieren, wou net nëmmen regional Produzenten a Kënschtler ze fannen sinn, mee och eng ganz Rëtsch un Informatiounen, Aktivitéiten an Animatiounen fir all Alter. Dëse Maart soll och komplett als „Green Event“ oflafen. 

Dëse flotten Event ass geplangt am Häerz vu Jonglënster.

Freides, den 24. September 2021 // Nuetsmaart

  • Hei geet et lass um 17.00 Auer. Et erwaarden Iech ronn 90 Stänn vu regionalen Produzenten, Kënschtler, Wënzer, Associatiounen, Veräiner, esou wéi verschidden Animatiounen, Artisten an e komplette Programm bis owes 23.00 Auer.

Samschdes, den 25. September 2021 // ab 10.00 Auer

  • Och hei bidden mir nees e komplette Programm bis owes 19.00 Auer un. 

Ziel vun dësem Maart ass et, de Produzenten eng Vitrinn ze bidden, de Produiten e Gesicht an de Leit Méiglechkeet ze ginn regional Produiten ze entdecken, kennen ze léieren an esou e flotten Moment ze verbréngen. 

 

Détails

Début :
24 septembre 2021
Fin :
25 septembre 2021
Prix :
Gratuit
Site :
www.lenstermaart.lu

Lieu

Junglinster
Luxembourg

Détails

Début :
24 septembre 2021
Fin :
25 septembre 2021
Prix :
Gratuit
Site :
www.lenstermaart.lu

Lieu

Junglinster
Luxembourg