Articles

Haut no där 2. Nuecht vun der Katastroph bleiwt d’Situatioun vun eise Leit vun AAH an eise Frënn weiderhinn ongewëss. Et ass einfach onméiglech si z’ereechen, den Telefonsréseau ass nach wie vor ausser Betrieb.

Och de Komitee vum Objectif Tiers Monde (OTM) , mat deem mir a Kontakt stinn, huet nach näischt vun hiere Leit op der Plaz heieren. Sou, datt et heescht weider ofwaarden an hoffen.

Wann Dir hëllefe wëllt, sou kënnt Dir dat gäre mat engem Don maachen. [Don – Séisme]

Hei sinn e puer Extraitën resp. Linken aus de Nouvellen:

Op Facebook an op Twitter forméiert sech och eng grouss Plattform:

De Komitee vun AAH huet, wéi ganz vill aner Leit och, dës Nouvelle eréischt an de fréie Mueresstonnen an de Noriichte vum 13. Januar matkritt. Duerch dës Naturkatastroph sinn all d’Kommunikatiounsweeër, wéi Internet, Telefon an Händy, ausgefall, sou datt mir bis elo och keng Méiglechkeet hate fir mat eise Leit op Plaz  ze schwätzen.

Et steet fest, datt den Epizentrum nëmme 16 km vun Port-au-Prince war an dat an enger Déift vun ca. 10 km. D’Gemeng Carrefour, déi just e puer Kilometer vun der Haaptstad ewech läit, ass och betraff. An dëser Gemeng ass nämlech de Quartier “Rivière Froide”, wou mir d’Schoul ënnerstëtzen an eis Frënn op der Plaz hiert Doheem hunn.

Wann Dir hëllefe wëllt, sou kënnt Dir dat gäre mat engem Don maachen. [Don – Séisme]

D’Noriichtenagencen informéieren lafend iwwert Radio, Telé an Internet iwwer d’Situation an Haiti. Hei sinn einfach e puer Extraitën resp. Linken aus de Nouvellen:

Lëtzebuergësch

  • d’Wort – Schnelle Hilfe aus Luxemburg
  • Tageblatt – Haiti versinkt nach Erdbeben im Chaos

Français

Deutsch

De Container (gesponsort vun der Entreprise “Solar Center” vu Lorentzweiler) steet elo schonns zënter Enn November zu Steesel. An deem leschte Mount ass vill vu Material, Spillsaachen, Handwierksgeschier, esou wéi eng komplett Solaranlag zesummegedroe ginn.

De Container ass elo bal voll, a wäert deemno geschwënn op d’Reess goen. 3 Wochen brauch d’Schëff fir de Container vun Antwerpen op Port-au-Prince ze kréien. Do muss en da verdéischt duerch d’Douane, ier d’Leit vun AAH d’Fracht op der Plaz entgéint huele kënnen. Den Dédouanage brauch awer och séng Zäit, sou datt de Container nach eventuell bis Mäerz am Hafe stoe kéint.

De Comité vun AAH wëllt heimat nach eemol deene villen Donateurë MERCI soe fir hier Ennerstëtzung. Ob dat elo op privater Basis oder duerch eng Entreprise war, ob et ee materiellen oder finanzielle Beitrag war, ouni all déi Hëllef hätt dëse Projet net realiséiert kéinte ginn.

E leschte Méindeg (30.11.09) ass de Container vum Transporteur Fischbach geliwwert ginn. An deenen nächsten Deeg wärte mir dësen dann och fëllen.

Wann Dir awer elo nach Saachen hutt fir dran, da sot eis Bescheed. Allen Donateurë wëlle mir schonns fir hier Ënnerstëtzung villmols Merci soen.