Articles

Listen To Haiti: 12’000 EUR fir Haïti

De Festival “Listen To Haiti“, deen den 13. Mäerz 2010 an der Rockhal stattfonnt huet, war e groussen Erfolleg. Méi wéi 1’000 Leit konnten sech de ganzen Dag iwwert Haïti an déi 2 Organisateuren “Action Avenir  Haïti” an “Objectif Tiers Monde” informieren.

Um 17.00 Auer hu sech 8 Bands d’Eier ginn, fir bis an d’Nuecht eran, d’Leit mat musikaleche Kläng ze verwinnen. Ennert anerem war och déi international bekannte Grupp “EZIO” op Besuch. All dës Bands hunn op dësem Dag op hier Gage verzicht.

Ouni déi groussarteg Ennerstëtzung vun alle Partner a Sponsorën, an déi vill benevol Mataarbechter hätte mir dëse Succès net kënne feieren.

Déi 12’000 EUR ginn integral op Haïti fir d’Aerdbiewenopfer an den Neesopbau agesat.

Am Numm vun den Haitianer soë mir iech all villmols Merci.