No engem Joer Preparatioun war et am Juli 2016 souwäit. Mir hunn eis op de Wee op eis Odyssee zu Haiti gemeet. Mat 4 Stonne Verspéidung si mer vu Paräis aus fortgeflunn. Do konnte mer eis schonn dru gewinnen, dass een Transport och mol méi laang dauere kann. Et sollt och definitiv net fir d’Lescht sinn.

Haiti, eng Odyssee déi hirem Numm gerecht gëtt.

Owes, zu Carrefour an der Schoul „Le Reformiste“ ukomm, goufe mer och scho mat Spannung vun eisen haitianesche Frënn erwaart.
Nodeems mer eis ageriicht an aklimatiséiert haten, goung et du mat enger Visite vum Quartier an eisem Camp-Chantier lass. Hei goufen eis déi ënnerschiddlech Aart a Weisen, tëschent eis Lëtzebuerger an den Haitianer, schnell bewosst. Wat engem am Ufank nach komesch virkomm ass (jo mir Lëtzebuerger brauche Sonnecrème fir an där Sonn ze iwwerliewen) ass engem no puer Deeg kaum nach opgefall (wann d’Haitianer vun engem op deen anere Moment ufänken ze sangen an ze danzen, da gëtt matgemaach!). Och un de regelméissege Stroumausfall, respektiv déi enger oder aner Bloder op der Hand vum Kleederwäschen, hu mer eis schnell gewinnt.

Planze vun 4000 Beem zu Angibeau

Ob beim Planze vun den ca. 4000 Beem zu Angibeau, beim Renovéiere vun de Klassesäll an der Schoul oder beim Amenagéiere vum Schoulhaff an dem Sanitärberäich, iwwerall konnte mer spieren dass den Haitianer hier Motivatioun a Freed un der Aarbecht op mannst sou grouss ware wéi eis. Zu all Moment hunn si eis gewisen, dass si frou waren, dass mir dee wäite Wee op eis geholl hunn, fir hinnen ze hëllefen.

Et war eis awer och wichteg, dass mer nieft der Aarbecht och sou vill wéi méiglech vum Land a senge Leit géife kenneléieren. Dofir stoungen och Visite vu Port-au-Prince a Jacmel op eisem Programm. Mir hunn och vun all Geleeënheet profitéiert fir hannert d’Kulisse kennen ze kucken: sou hu mir probéiert engem Awunner aus dem Quartier ze hëllefen seng Gees aus engem Plumpsklo ze retten, mer sinn zu Angibeau mat bei d’Bauere kucke gaange wéi se do wunnen oder hu lokal Artisten an hirem Atelier besicht.

Leider gëtt et engem eréischt a sou Momenter richteg bewosst, wéi gutt et eis zu Lëtzebuerg dach geet. Well den Haitianer hire Glawen extrem wichteg ass, hu mir och dervu profitéiert fir un enger haitianescher Mass op Créole an un enger typescher haitianescher VooDoo-Zeremonie kennen deelzehuelen. Och dat waren Erfahrungen déi mir sou schnell net wäerte vergiessen.

Déi Zäit zu Haiti war fir eis eng Zäit voller Emotiounen a flotter, mee och heiansdo schockanter, Erfahrungen. No zwou Woche Projet hate mir dofir net nëmme knaschteg Wäsch, mee och vill nei Frënn a onvergiesslech Erënnerungen am Gepäck.

Mat beschte Guiden- a Scoutsgréiss,
D’Participanten an de STAFF vum Odyssee Grupp Haiti