Articles

Container – wéi geet et virun

Mir soen alleguerten den Donateurën nach emol villmols Merci vir hir Mathëllef beim Fëllen vum Container.

De Container ass nach net fortgeschéckt a mir wëllen elo och nach waarden wéi d’Situatioun sech weider entwéckelt. Momentan ass d’Lag ze ongewëss an hei heem ass d’Material am séchertsten opgehuewen.

Wa mir Genaueres iwwert d’Emstänn op der Rivière Froide, respektiv dem Hafen wëssen, da kënne mer dëse Projet nees nei lancéieren.

De Container ass gutt gefëllt

De Container (gesponsort vun der Entreprise “Solar Center” vu Lorentzweiler) steet elo schonns zënter Enn November zu Steesel. An deem leschte Mount ass vill vu Material, Spillsaachen, Handwierksgeschier, esou wéi eng komplett Solaranlag zesummegedroe ginn.

De Container ass elo bal voll, a wäert deemno geschwënn op d’Reess goen. 3 Wochen brauch d’Schëff fir de Container vun Antwerpen op Port-au-Prince ze kréien. Do muss en da verdéischt duerch d’Douane, ier d’Leit vun AAH d’Fracht op der Plaz entgéint huele kënnen. Den Dédouanage brauch awer och séng Zäit, sou datt de Container nach eventuell bis Mäerz am Hafe stoe kéint.

De Comité vun AAH wëllt heimat nach eemol deene villen Donateurë MERCI soe fir hier Ennerstëtzung. Ob dat elo op privater Basis oder duerch eng Entreprise war, ob et ee materiellen oder finanzielle Beitrag war, ouni all déi Hëllef hätt dëse Projet net realiséiert kéinte ginn.

E Container fir Haiti

Action Avenir Haïti asbl schéckt e Container an Haiti.

Mir siche Material fir eis Schoul a fir d’Awunner vu “Rivière Froide”, eng Uertschaft bei Port-au-Prince.

  • franséisch Bicher fir eng Bibliotéik anzeriichten (Schoulbicher, Romaner, Jugendbicher, Sachbicher, Lexikon, Dictionnairen, etc… )
  • eng ganz Rëtsch zesummepassend Regaler
  • Material fir d’Schoulkanner (Hefter, Bicer, Faarwen, Lineal, Crayon, Schoulrucksak, etc.)
  • Material fir den Unterrecht  (Tafelen, edukativt Material, etc…)
  • Material fir d’Schoulkantinn (Gasbrenner, grouss Dëppen, Panen, Plastikschosselen+Telleren, Besteck..)
  • Spillsaachen (Bäll, Sprangseeler, Puzzelen, Gesellschaftspiller, Poppen (keng Plüschdéieren!)…)
  • Sanitärmaterial fir 6 Toiletten (WC, Lavabo, WC-Brëll, etc..)
  • Informatikmaterial fir en Internetcafé + Infocoursë (fest Computeren, Laptop’en, Printer’en, …)
  • Material fir e klenge Kinosraum anzeriichten (Beamer, Leinwand, DVD op franzéisch, …)
  • Handwierksgeschir (Hummer, See, Tournevis, Zaang, Schrauwen, Neel, Dübelen. Spuet, Schëpp, Heel  etc)
  • Waasserpompel, elektresche Grupp, elektresch Material (Kabel, Schalteren, Biren, etc)
  • Verschiddenes: Plastiksbaatschen, Betonsmaschinn, Gaardeschlauch, al Bitzmaschin, al Streckeisen mat Kuelen,
  • grouss Waasserfässer, Museksinstrumenter, Brauereisdëscher+Bänken,
  • fir d’Verpakung: (hëlzen oder bleche Këschten,”Bulleplastik” fir ze kaléieren, grouss Rullo Plastikfolie fir géint d’Fichtegkeet anzepacken)

All dëst Material muss net nei sinn, mee soll awer an engem gudden Zoustand sinn. Sidd eis w.e.g net béis wa mir déi eng oder aner Saach net unhuelen kéinten.

Mir komme gären béi Iech laanscht oder Dir kennt är Saachen och zu Steesel bei der Famill Theisen ofliwweren op der Adress: 41a, montée Willy Goergen / L-7322 Steinsel.

De Container soll nom 7. Dezember 2009 starten, duerfir, mellt Iech einfach beim Theisen-Becker Roby & Dany um Tél: 33 55 36 oder iwwer Email contact(@)aah.lu.

Well mir déi eng oder aner Saach nei kafen wëllen, si mir natierlech och frou fir all Don op eise Konto CCPL LU81 1111 2342 0345 0000 (Mentioun: Container).

Mir soen Iech am viraus villmols MERCI fir Är Hëllef fir Haïti.

(PS: en décke Merci och un d’Firma “Solar-Center” vu Luerenzweiler, déi eis de Container finanzéiere wärt)