2019 ware mir fir d’Lescht op Haiti. Wéinst Corona duerft duerno kee méi dohinner. Awer Corona war an ass näischt géint dat, wat d’Populatioun momantan op Haiti erdroe muss.
Mir kënnen eis et net virstellen, awer et gehéiert zum Alldag, laanscht Läichen ze trëppelen, déi einfach esou op der Strooss verbleiwen, well keen sech traut se sichen ze goen. Besote Mënschen waren deen Dag zum falschen Zäitpunkt op der falscher Plaz a goufen esou Affer vun onberechenbarer Gewalt.
Et ass Krich an Haiti: Banden kämpfen ëm Territoire, d’Police ass machtlos; do hëlleft keng Mask a keng Impfung! Wat hëlleft, ass doheem bleiwen, fir net d’Gefor ze lafen embruecht ze ginn. Sech fortbeweegen gëtt zum Challenge, den ëffentlechen Transport läit flaach, d‘Hausse vun de Bensinnspräisser mécht et souwisou onméiglech iwwerhaapt ze reesen.
Fir eng Taxifahrt vun Port-au-Prince bis op de Flughafen misst ee vun eise Schoulmeeschter ee Véierel vun sengem Salaire bezuelen. Dobäi kënnt dann, datt Banden d’Stroossen spären an “Wege-Zoll” afuerderen.
Willkür, Erpressung a Gewalt regéieren Haiti
Déi haitianesch Wärung, d’Gourde, ass am Keller an fält ëmmer weider. D’Iesswueren a virun allem d’Drénkwaasser ginn ëmmer méi deier. D’Cholera ass nees ausgebrach. D’Stroumversuergung, déi nach ni gutt war, brécht zesummen. Esou guer d’Spideeler kënnen net fonctionéieren, well kee Bensinn do ass fir d’Generatoren ze bedreiwen.
Esou wäit et eise Leit op der Plaz méiglech ass, wäert d’Schoul op der Rivière Froide esou laang op bleiwen, wéi nëmme méiglech. Domadder hunn d’Kanner nach ee klengt Stéck Normalitéit an hierer abléckleche katastrophaler Situatioun.
AAH kann do net méi hëllefen, Haiti brauch international Hëllef ! Haiti brauch Opmierksamkeet an de Wëllen vun der Internationaler Communautéit nees mënschewierdeg Liewensbedingungen ze schafen.
Hei e puer Artikelen déi, déi aktuell Situatioun beschreiwen:
- 05.01.2023 // Pris en otage, Haïti se meurt. Agissons maintenant
https://lenouvelliste.com/article/239849/pris-en-otage-haiti-se-meurt-agissons-maintenant
- 04.01.2023 // A quand un vrai effort pour changer la donne sécuritaire ?
https://lenouvelliste.com/article/239878/a-quand-un-vrai-effort-pour-changer-la-donne-securitaire
- 30.12.2022 // Haïti un des défis 2023 pour le Haut-Commissaire Volker Türk
- 29.12.2022 // Haïti – FLASH : Le RNDDH accuse des policiers d’utiliser les blindés comme service de taxi sécurisé
- 28.12.2022 // Des choix à faire …
https://lenouvelliste.com/article/239787/des-choix-a-faire
- 27.12.2022 // 2022 : Bilan catastrophique en matière de droits humains en Haïti
- 27.12.2022 // Des bandits armés de Canaan sèment le trouble à Bon Repos
https://lenouvelliste.com/article/239758/des-bandits-armes-de-canaan-sement-le-trouble-a-bon-repos
- 22.12.2022 // Le numéro deux de l’ONU appelle à prendre en considération la demande d’envoi d’une force internationale en Haïti
- 21.12.2022 // Crise: le Conseil de sécurité de l’ONU se réunit sur Haïti ce 21 décembre
- 14.12.2022 // Situation sécuritaire et risque élevé d’enlèvement
https://www.diplomatie.gouv.fr/fr/conseils-aux-voyageurs/conseils-par-pays-destination/haiti/
- 11.12.2022 // À l’intérieur de la capitale prise en otage par des gangs
https://www.bbc.com/afrique/monde-63858254.amp
- 18/11/2022 // Kommentar zur humanitären Katastrophe in Haiti – Wir sollten uns schämen!
- 03.11.2022 // Le HCR appelle les États à s’abstenir de renvoyer de force les ressortissants haïtiens
- 02.11.2022 // À la Une: attaque de contrôleurs aériens en Haïti